/ ZOOSIS,METTWUURSCHTEN AN FICELLEN KOMMEN 20.3.2020
Leif Awunner a Clients,
Wéinst der grousser Nofro, hunn mir eis dozou entschloss, Iech ab Dënschde, 31 Mäerz een "TAKE AWAY" unzebidden. Dëst funktionéiert folgender Moossen. Mier bidden iech all Woch eng Auswiel un, wou dier kennt zwëschen 2 Zoppen an 4 Plaen wielen. Dëst changéiert all Woch. All eis Menüen sinn sous vide verpaakt, sou dass dier se just Doheem musst waarm maachen.
An dëser schwiereger Zäit, wou mir eis grad befannen, ass et nach méi wichteg wei soss, dass een fir den aner do ass.
Mier wëllen och un eis eeler Matbierger aus eiser Gemeng denken, an hinnen eisen Service wärend der Covid19 Pandemie ubidden.
Dat heescht fir Leit déi net aus dem Haus kennen, géifen mir vun Dënschdes bis Sonndes moies Iessen tëscht 09:00 bis 12:00 Auer ausliwweren an der Gemeng oder ab 50 € och baussen äiser Gemeng. Dir kënnt de Menü och bei eis tëscht 10:00 an 12:00 op der Millen sichen kommen. Dëst ass alles sous vide verpaakt, sou dass Dier et just nach musst Doheem wiermen.
Dier kennt Är Bestellung bis den Owend virdrun bis 21:00 Auer ofgin.
- Entweder op eiser Facebook Sait, iwwer PN
- via E-Mail op Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
- oder per Telefon um 90.80.88
Är Commande kennt Dier dann moies tescht 10:00 an 12:00 bei eis oofhuelen kommen.
Den Prais pro Menü sin 12€ Inclusive Zopp !
Fier dass mier den Viirschrëften vun eiser Regierung kennen gerecht gin, bieden mier Iech wegl. baussen ze waarden, wann een Client vierun Iech an der Brasserie as, an den neidegen Sëcherheets Ofstand anzehaalen.
Merci fier Ärt Vertrauen
Roy & Lynn